Ënnerwee an d'Méisproochegkeet

"E puer verschidde Sprooche léieren ass méi einfach ewéi een denkt", schreift den Neil Madden.

Wann een zu Iech géing soen "flisni me mua", géingt Dir da wëssen, wat dat bedeit, oder wéinstens ëm wat fir eng Sprooch et sech handelt? Mat ongeféier 225 Sproochen huet Europa e räicht a villfältegt Ierwen; dat muss gefeiert ginn. Mee wéi gutt sinn d'Europäer, wann et dorëms geet, d'Sprooche vun hiren noosten (oder méi wäit entfernten) Noperen ze léieren? Wahrscheinlech si vill Leit der Meenung, dass e Liewe mat enger Sprooch d'Norm ass. D'Halschent bis zwee Drëttel vun der Weltbevëlkerung ass awer méi oder manner zweesproocheg an e groussen Deel ass esouguer méisproocheg, dat heescht, dës Mënsche verfügen iwwert gewësse Kenntnesser a méi Sproochen (verstoen an/oder schreiwen an/oder schwätzen...) Also ass net Eesproochegkeet, mee Méisproochegkeet den Normalfall. Millioune vu Mënsche mengen, si kéinten ausser hirer Mammesprooch keng aner Sprooch, vill vun hinnen hunn awer oft Kenntnesser an enger anerer Sprooch. En plus, sinn d'Méiglechkeete fir eng nei Sprooch ze léieren hautdesdaags besser ewéi jeemools virdrun.

Fir d'Bedeitung vum Sproocheléieren ervirzehiewen, huet den Europarot den Europäeschen Dag vun de Sproochen (EDL) ausgeruff, deen all Joer um 26. September gefeiert gëtt. Domat soll d'Méisproochegkeet gefërdert ginn, déi weder nei, nach ongewéinlech ass. A ville Vëlker aus Afrika an Asien gehéiert si esouguer zum Alldag an och an e puer Deeler vun Europa, besonnesch an de Beneluxstaaten an a Skandinavien, awer och am Mëttelmierraum, ass se normal. Et geet net dorëms, de Mënsche wëlle kloerzemaachen, dass se de Mammesprooch-Niveau erreeche mussen. Zil muss et sinn, sech sengen eegene Bedürfnisser entspriechend, verstännegen ze kënnen a verstanen ze ginn. Déi weltwäit Verbreedung vum Englesche schéngt keng Grenzen ze kennen, a Studië bestätegen den Androck, dass déi meescht, déi Sprooche léieren, als éischt Engleschkenntnesser wëlle kréien (dem Eurobarometer no seet all Drëtten, dass en sech op Englesch ënnerhale kann).

Et gëtt awer kee Grond, nom Erreeche vun dësem Zil opzehalen. Och vill aner Sprooche si wäertvoll Instrumenter, fir vum Liewen ze profitéieren, sief et op der Aarbecht oder nëmmen op Reesen. Et ass d'Ironie vun der Globaliséierung, dass de Wäert vun Engleschkenntnesser fale kéint. Wann ëmmer méi Leit déi haiteg lingua franca beherrschen, ass deen, deen nach méi Sprooche schwätzt, am Virdeel. An der Aarbechtswelt an am Bildungsberäich stinn déi Leit a Konkurrenz, deenen hir Mammesprooch Englesch ass an déi, déi nieft hirer Mammesprooch och nach Englesch schwätzen an déi ëmmer méi oft passabel Kenntnesser an enger drëtter oder souguer an enger véierter Sprooch hunn. En plus ass Sproochekompetenz net nëmmen a wirtschaftlecher Hisiicht e Virdeel. Si hëlleft eis, méi oppen ze si vis-à-vis vun aneren, hirer Kultur an hiren Usiichten a si mécht eis geeschteg méi flexibel, andeems mir léiere mat verschiddene Begrëffsystemer ëmzegoen a verschidde Perspektiven anzehuelen. D'Léiere vun enger Sprooch soll net ënnerschätzt ginn, well sou gewanne mir en Abléck an d'Liewe vun de Mënschen, d'Kultur an d'Traditiounen aus anere Länner. Wie mat Leit aus anere Kulture kommunizéiere kann, ass oft méi tolerant. An net ze vergiessen : Eesproochegkeet bedeit, op d'Sproochkenntnesser an de gudde Wëlle vun anere Leit ugewisen ze sinn. Wa mer eng aner Sprooch léieren, kréie mer net nëmmen eng nëtzlech Kompetenz - mir bréngen domat eise Respekt virun der Identitéit a Kultur vun aneren esou wéi eis Toleranz an eis Akzeptanz vis-à-vis vun der Diversitéit zum Ausdrock.

Den Europarot bitt fir d'éischte Kéier e Programm un, mat deem een seng Kenntnesser vu Friemsprooche miesse kann. De Projet Europäescht Sproocheportfolio soll motivéieren, andeems en d'Beméiunge vun de Leit, déi hir Sproochekenntnesser erweideren an diversifiéieren wellen, op allen Niveauen unerkennt ; ausserdeem erméiglecht dëst, dass all nei Kenntnesser dokumentéiert ginn, an dat ka bei der Entrée a méi en héije Léierniveau oder bei der Aarbechtssich am In- oder Ausland als Grondlag déngen. Unhand vun engem Raster kënne Schüler, déi eng Sprooch léieren, hir Kenntnesser - verstoen, liesen, schwätzen a schreiwen - aschätzen an se 6 europäeschen Niveauen zouuerdnen. Dës Standarde goufe vun de wichtegsten Zertifizéierungsplazen an Europa a vu ville Memberstaaten esou wéi och der E.U. iwwerholl, ganz besonnesch am Kader vum Europass-System, wat als Zil huet, déi individuell Fäegkeete méi transparent ze maachen, fir e Vergläich tëscht de Memberstaaten zéien ze kënnen. En zentrale Punkt vum Europäeschen Dag vun de Sproochen ass et, kloerzemaachen, dass Sprooche léieren e liewenslaange Prozess ass. Vill Erwuessener, déi während hirer Schoulzäit keng Méiglechkeet haten (oder hir Chance net genotzt hunn) eng nei Sprooch ze léieren, denken, dass et ze spéit ass fir elo domat unzefänken. Et ass net ze spéit. Europawäit ginn et Coursen, Programmer an aner Offeren (vum Buch bis zu der Cd-Rom), déi een notze kann, fir seng Sproochkenntnesser ze verbesseren. Mee oft feelt d'Motivatioun fir "d'Sproochenangscht" ze iwwerwannen. Vill Leit beméien sech ëm den Ausbau vun hire Sproochkenntnesser no hirer Schoulzäit oder no hirem Studium. Dëst iwwerrascht net, well d'Léiere vu Sprooche gëtt an der Schoul oft éischter als Flicht, wéi als Chance gesinn. Eréischt wa mer ufänken, d'Welt dobaussen ze entdecken, sief et op der Aarbecht oder an eiser Fräizäit, erkenne mer de Wäert vun anere Sproochen. Dir kënnt sécher sinn: Mat all weider Sprooch, déi Dir léiert, gëtt et méi einfach. Also wann Dir déi éischt Hürd iwwerwonnen hutt an et elo mat Ungaresch oder Kantonesesch probéiere wëllt, da maacht et einfach.

Wann Dir Är Sproochkenntnesser ausbauen a méi iwwert den Europäeschen Dag vun de Sprooche wësse wëllt, fannt Dir nëtzlech Informatiounen op dëse Säiten:

Iwwregens: Déi Wierder am Ufank vum Text sinn op Albanesch a bedeiten: "Schwätz mat mer". 

Den Neil Madden ass e Freelance-Journalist a wunnt zu Stroossbuerg