Sproochlech Diversitéit feieren

Mënsch a Sprooch

Op der Äerd ginn et 7 Milliarde Mënschen, déi tëschent 6000 a 7000 verschidde Sprooche schwätzen. E puer Sprooche gi vun e puer honnert Millioune Mënsche geschwat, zum Beispill Englesch oder Chinesesch, awer déi meescht Sprooche gi just vun e puer Dausend oder enger Handvoll Mënsche geschwat. Tatsächlech gi 96 % vun de Sprooche weltwäit vu just 4% vun de Mënsche geschwat. D'Europäer hunn heefeg den Androck, dass hire Kontinent - virun allem am Verglach mat Nordamerika oder Australien - eng aussergewéinlech héich Unzuel u Sproochen opweises hunn. Allerdéngs si just 3 % vun alle Sprooche weltwäit, d. h. ronn 225 Sproochen, indigen europäesch Sproochen. Déi meescht Sproochen op dëser Welt ginn an de Gebidder op béide Säite vum Äquator - a Südostasien, Indien, Afrika a Südamerika - geschwat. Fir vill Europäer ass wahrscheinlech d'Eesprochegkeet d'Norm. D'Halschent bis zu zwee Drëttel vun der Weltbevëlkerung ass allerdéngs méi oder manner zweesproocheg an e groussen Deel esouguer méisproocheg. Méisproochegkeet ass also éischter d'Regel wéi d'Eesproochegkeet. Sproochlech a kulturell Diversitéit gëtt genee wéi déi biologesch Diversitéit ëmmer méi als e wichtegen a beräichernden Aspekt vun eisem Liewe betruecht. All Sprooch huet hir eege Siicht op d'Welt an ass d'Resultat vun hirer Geschicht. All Sprooch huet hir individuell Identitéit a Bedeitung, an si sinn all gläichermoossen als Ausdrocksméiglechkeet, fir déi Leit, déi se benotzen, gëeegent. Aus vergläichende Recherchen op d'Fro, wéi schnell Kanner schwätze léieren, wësse mer, dass keng Sprooch wierklech méi schwéier ass wéi eng aner.

Sproochstruktur

D'Sprooch ass e willkürleche System vu Lauter an Zeechen, déi vun engem Grupp vu Mënschen zu verschiddenen Zwecker agesat gëtt, virun allem fir mateneen ze kommunizéieren, kulturell Identitéit zum Ausdrock ze bréngen, sozial Bezéiungen z‘ënnerhalen a Freed ze bereeden (z. B. an der Literatur). Sproochen ënnerscheeden sech am Klang, an der Grammaire, am Vokabulär an an der Aart a Manéier fir sech auszedrécken. All Sproochen hunn allerdéngs déi Gemeinsamkeet, dass se all héich komplex Formatioune sinn. D'Zuel vun de Vokal- a Konsonantelauter variéiert vu manner wéi eng Dose bis zu iwwer honnert. Bei den europäesche Sprooche läit dës Zuel am mëttlere Beräich - tëschent 25 (z. B. Spuenesch) bis zu 60 (z. B. Iresch). Dës Lauter gi mat ënnerschiddlecher Genauegkeet am Alphabet representéiert: e puer Sproochen (z. B. Walisesch) sinn immens regelméisseg an der Ëmsetzung vu Lauter an Zeechen, anerer (z. B. Englesch) sinn immens onregelméisseg. An der Grammaire huet all Sprooch méi wéi dausend Méiglechkeete bei der Wuertbildung a bei der Sazkonstruktioun. All Sprooch huet e räiche Wuertschatz fir all d'Besoine vun deenen, déi se uwennen - am Fall vun den europäesche Sprooche mat engem immens vasten a wëssenschaftlech-technesche Vokabulär, handelt et sech ëm e puer honnertdausend Wierder a Wendungen. En eenzele Mënsch kennt a benotzt nëmmen ee Brochdeel vum gesamte Wuertschatz vu senger Sprooch. Den aktive Wuertschatz vun engem gebilte Mënsch besteet aus ca. 50.000 Wierder, de passive Wuertschatz - d.h. d'Unzuel vun de Wierder déi se kennen, awer net uwennen - ass vill méi grouss. An Alldagsgespréicher gëtt et eng kleng Zuel vu Wierder, déi immens heefeg benotzt ginn. Schätzungen no, huet en 21-Jährege schonn ongeféier 50 Millioune Wierder geschwat. Lieweg Sproochen a Kulture verännere sech stänneg. D'Mënsche beaflosse sech géigesäiteg an hirer Aart a Weis ze schwätzen an ze schreiwen. Nei Medie wéi den Internet bidden de Sproochen nei Entwécklungsméiglechkeeten. Sprooche si stänneg mateneen a Kontakt a wierken sech op vill Aart a Weisen openeen aus, besonnesch duerch d'Léine vu Wierder. D'Englescht huet zum Beispill am Laf vun de Joerhonnerte Wierder aus iwwert 350 Sproochen iwwerholl, an all europäesch Sproochen iwwerhuelen hautdesdaags vill Wierder aus dem Engleschen.

D'Léiere vu Sproochen

Ons Mammesprooch léiere mer am Wesentlechen an eisen éischte fënnef éischte Liewensjoren, awer bei gewëssen Aspekter (z. B. dem Léiere vun neie Wierder) geet d'Léieren éiweg weider. D'Sproochentwécklung geschitt an e puer Phasen. Am éischte Liewensjoer artikuléiert sech d'Kand an den ënnerschiddlechsten Aart a Weisen, wouraus sech spéiderhi Sproochrhythmus an Intonatioun an da Vokaler a Konsonanten entwéckelen. Am Alter vun engem Joer ongeféier seet d'Kand seng éischt verständlech Wierder. Am zweete Liewensjoer kommen d'Sätz, déi aus zwee Wierder bestinn an dann no an no Sätz aus dräi oder véier Wierder. Dräi- bis Véierjähreger schwätzen ëmmer méi laang a komplex Wierder. Den aktive Wuertschatz wiisst vun ongeféier 50 Wierder am Alter vun 18 Méint op e puer Dausend Wierder bei Fënnefjähregen. Als Mammesprooch zielt normalerweis déi éischt geléiert Sprooch oder d'Primärsprooch vun engem Mënsch. Dëst ass d'Sprooch, déi d'Mënschen am beschte kënne bzw. déi Sprooch, mat där si sech am beschten identifizéieren. Muench bilingual Mënschen hunn hir zwou Sproochen an sou enger enker Verbindung zouenee geléiert, dass net tëschent éischter an zweeter Sprooch ënnerscheet ka ginn. Bei deene meeschten zweesproochege Mënschen ass dës Ënnerscheedung allerdéngs méi kloer, vu dass si déi zweet oder drëtt Sprooch an der Schoul oder zu engem spéideren Zäitpunkt léieren. Et gëtt keng Altersgrenz fir eng aner Sprooch ze léieren. Zweesproochegkeet ass e komplext Phänomen. Et ass e verbreeten Iertum, dass zweesproocheg Mënschen déi zwou Sprooche gläich gutt kënnen; tatsächlech ass et seelen, dass zwou Sprooche gläich gutt geschwat ginn. Et ass och net esou, wéi een am allgemenge mengt, dass all zweesproocheg Mënschen déi nämmlecht Kompetenzen an de Sproochen opweisen; et gi vill Zorte vun Zweesproochegkeet. Verschiddener schwätze béid Sproochen, wéi wann et hir Mammesprooche wieren, anerer hunn an enger vu béide Sproochen e staarken auslänneschen Accent. Muenech kënnen a béide Sprooche gutt liesen, anerer just an enger. Nach anerer schreiwe léiwer an enger Sprooch, kënnen awer just an där anerer schwätzen. D'Zweesproochegkeet huet vill Virdeeler. Wien zweesproocheg ass, huet eventuell besser Erfollegaussiichten, wann et drëm geet, eng weider Sprooch ze léieren. A gewësser Weis mécht d'Léiere vun enger zweeter Sprooch, d'Léiere vun enger drëtter Sprooch méi einfach. D'Zweesproochegkeet kann och fir d'Denke vu Virdeel sinn: Et ginn Hiwäiser, dass zweesproocheg Mënschen an der fréier Entwécklung vu kognitive Fäegkeeten a bestëmmte Beräicher méi schnell Fortschrëtter maache wéi Léit, déi just eng Sprooch schwätzen, an dass se sproochlech vill méi kreativ sinn. Zweesproocheg Leit hunn de grousse Virdeel, dass si mat engem méi grousse Krees vu verschiddene Mënsche kommunizéiere kënnen. Wien zweesproocheg ass, kann zwou oder méi Kulture méi genee kenneléieren an dëst kann zu enger méi grousser Sensibilitéit an der Kommunikatioun féieren, esou wéi zu enger Bereetschaft, kulturell Grenzen z‘iwwerwannen a Brécken ze bauen. Et ginn och e puer wichteg praktesch Aspekter: Zweesproocheg Leit kënnen och a wirtschaftlecher Hisiicht profitéieren, well si fir méi Aarbechtsplazen a Fro kommen. En plus, setzt sech ëmmer méi d'Erkenntnes duerch, dass méisproocheg Firme Konkurrenzvirdeeler hu vis-à-vis vun den eesproochege Firmen.

Sproochefamilljen

De Lien tëschent de Sproochen ass vergläichbar mam Lien tëschent de Membere vun enger nämmlechter Famill. Duerch hire gemeinsamen Ursprong, loossen sech déi meescht europäesch Sproochen zesummefaassen ënnert enger eenzeger grousser Famill vun den indoeuropäesche Sproochen. Vun den europäesche Sproochen zielen déi meescht zu de germaneschen, romaneschen a slawesche Sproochen an dës gi vun deene meeschte Leit geschwat. Zum nordeschen Deel vun de germanesche Sprooche gehéieren Dänesch, Norwegesch, Schwedesch, Islännesch a Färöesch; zum westlechen Däitsch, Nidderlännesch, Frisesch, Englesch a Jiddisch. Zu de romanesche Sprooche gehéiere Rumänesch, Italienesch, Korsesch, Spuenesch, Portugisesch, Katalanesch, Okzitanesch, Franséisch, Rätoromanesch, Ladinesch a Sardesch. Déi slawesch Sproochfamill ëmfaasst Sprooche wéi Russesch, Ukrainesch, Wäissrussesch, Polnesch, Sorbesch, Tschechesch, Slowakesch, Slowenesch, Serbesch, Kroatesch, Mazedonesch a Bulgaresch. Zu de keltesche Sproochen zielen Iresch, Schottesch-Gälesch, Walisesch a Bretonesch; Kornesch a Manx erliewen zur Zäit eng Renaissance. Griichesch, Albanesch an Armenesch bilde jeweils eng eege Famill. Baskesch ass en extrae Fall : Dës Sprooch gehéiert net zur indoeuropäescher Famill, hiren Ursprong ass onbekannt. An Europa ginn et och Sproochen aus anere Familljen. Am Norde ginn et uralesch Sproochen : Finnesch, Estesch, Ungaresch, e puer samesch Sproochen an nach e puer kleng Sproochen an den nërdlechen Deeler vun der Russescher Federatioun wéi Ingresch a Karelesch. Am Südoste fënnt ee Vertrieder vun der altaischer Sproochfamill, ganz besonnesch Tierkesch an Aserbaidjanesch. D'kaukasesch Sprooche ginn an engem relativ klengen a kompakte Gebitt tëschent dem Schwaarze Mier an dem Kaspesche Mier geschwat; zu dëser Famill gehéiere ronn 40 Sproochen, e. a. Georgesch an Abchasesch. Zur afroasiatescher Famill zielt Maltesesch, Hebräesch a Berberesch. All dës Sproochen hu just eng geréng Unzuel vu Buschtawen. Déi meescht Sprooche benotzen dat réimescht (oder laténgescht) Alphabet. Russesch an nach eng Rei aner slawesch Sprooche benotze kyrillesch Buschtawen. Griichesch, Jiddisch, Armenesch a Georgesch hu jeweils hiert eegent Alphabet. Net-europäesch Sproochen, déi allerdéngs op dem europäesche Gebitt wäit verbreet sinn, sinn Arabesch, Chinesesch an Hindi, déi och all hiert eegent Alphabet hunn.

D'Sproochen an Europa

D'Schätzungen ergi verschidde Resultater, allerdéngs kann een dovun ausgoen, dass et ongeféier 225 geschwaten indigen Sprooche ginn. Déi fënnef als Mammesprooch am meeschte geschwate Sproochen an Europa si Russesch, Däitsch, Englesch, Franséisch an Italienesch. Allerdéngs gëtt an de meeschten europäesche Länner am Alldag méi wéi eng Sprooch geschwat. Ausnahme si kleng Länner wéi Liechtenstein oder de Vatikan, mee esouguer do gëtt heefeg eng zweet Sprooch benotzt. Déi 49 Vertragsstaate vun der Europäescher Kulturkonventioun hunn 41 Amt- an Nationalsproochen, a vill aner Sprooche kréien e Sonderstatus accordéiert. An de meeschte Länner ginn eng Rei vun traditionelle Minoritéiten- a Regionalsprooche geschwat. Déi bei wäitem gréissten Unzuel u Sproochen - jee no Critère tëschent 130 an 200 - ginn op dem Gebitt vun der Russescher Federatioun geschwat. E puer Regional- a Minoritéitesproochen hunn de Status vun enger Amtssprooch kritt, z. B. Baskesch, Katalanesch a Galizesch an de spuenesche Regiounen, wou se geschwat ginn. A Groussbritannien sinn Walisesch an an den Nidderlande Frisesch geschützte Sproochen an déi samesch Sprooche sinn an Norwegen, Schweden a Finnland geschützt. Wéinst dem Undrang vu Migranten a Flüchtlingen aus der ganzer Welt huet d'Méisproochegkeet an Europa zougeholl. Zu London zum Beispill ginn an de Famillje méi wéi 300 Sprooche geschwat. An deene meeschten anere grousse Stied, zemools a Westeuropa, ginn et dacks 100 bis 200 Mammesproochen am Schoulmilieu. Am heefegste sinn et Arabesch, Berberesch-Türkesch, Kurdesch, Hindi, Panjabi a Chinesesch. Allerdéngs gi vill vun dëse Sprooche vu klenge Minoritéite geschwat an hir Zukunft ass ongewëss. Déi alldeeglech informell mëndlech Interaktioun tëschent Elteren an hire Kanner ass fir d'Iwwerliewe vun enger Sprooch ganz wichteg. Schätzunge vun Experten no, wäerte mindestens d'Halschent vun de Sproochen, déi weltwäit geschwat ginn oder esouguer méi, am Laf vum nächste Joerhonnert ausstierwen. An 2 Generatioune kann eng Sprooch komplett verschwannen, wann d'Kanner net méi an där Sprooch erzu ginn. Et gi vill Grënn fir d'Verschwanne vun enger Sprooch, e. a. déi materiell Zerstéierung vun enger Gemeinschaft oder vun hirem Liewensraum (duerch Ëmweltkrisen oder Krankheet), den aktive Widderstand vu politesche Gruppen an - déi heefegst Ursaach - déi wirtschaflech a kulturell Dominatioun vun enger mächteger a renomméierter Sprooch. Mee wat och ëmmer de Grond ass, d'Resultat ass ëmmer dat nämmlecht: eng eenzegaarteg Ressource vun de Mënsche geet verluer. Duerch d'Aarbecht vum Europarot sinn 1998 zwee wichteg international Accorden a Kraaft getrueden. D'Europäesch Charta vun de Regional- a Minoritéitesprooche gëllt an 22 Memberstaaten an d'Kader-Konventioun fir de Schutz vun nationale Minoritéiten, déi e puer Bestëmmungen enthält zu de Sprooche vun de Minoritéiten, an 39 Memberstaaten. Dëst ass eng wichteg vertraglech Grondlag fir de Sproocheräichtum an Europa ze schützen an ze fërderen. Am Ufank vum 21. Joerhonnert liewen all d'Europäer an enger méisproocheger Ëmwelt. Am Alldag kënnt ee mat ville verschidde Sproochen a Kontakt, sief et am Bus oder am Zuch, duerch de Fernseh, Radio oder Zeitung oder duerch Inhaltstoff-Etiquetten op Produiten am Supermarché. Mir mussen an der Ëffentlechkeet d'Wëssen an d'Verständnes fir déi wichteg Facteure stäerken, déi zum Erhalt a Gedeie vun der sproochlecher Diversitéit an Europa bäidroen. Den Interessi an de Virwëtz fir nei Sprooche sollen erwächt a gefërdert ginn. Et geet dorëms, Reklamm fir sproochlech Toleranz an an tëschent de Länner ze maachen. Dëst waren e puer vun den Ziler vum Europäesche Joer vun de Sproochen 2001, dat gemeinsam vum Europarot a vun der Europäescher Unioun organiséiert gouf. Um Virowend vun der Ofschlosszeremonie huet de Ministercomité vum Europarot beschloss, dass all Joer um 26. September en Europäeschen Dag vun de Sprooche mat ähnlechen Ziler soll gefeiert ginn.