Wourëms geet et beim Europäeschen Dag vun de Sproochen?

D’Europäescht Joer vun de Sprooche gouf 2001 vum Europarot an Zesummenaarbecht mat der Europäescher Unioun organiséiert an huet den Interessi vu Millioune Mënschen an de 45 bedeelegte Länner ausgeléist. Unhand vun den Aktivitéite gouf déi sproochlech Diversitéit an Europa gefeiert an d’Léiere vun de Sprooche gefërdert.

Nom Erfolleg aus dem Joer 2001 huet den Europarot decidéiert, dass all Joer de 26. September en Europäeschen Dag vun de Sprooche gefeiert soll ginn an d’Léiere vun de Sprooche gefërdert soll ginn. Den Europäeschen Dag vun de Sproochen huet folgend Ziler :

  1. der Ëffentlechkeet d’Bedeitung vum Léiere vun de Sprooche bewosst ze maachen an dofir ze suergen, dass méi verschidde Sprooche geléiert ginn, fir op dësem Wee d’Méisproochegkeet an d’interkulturellt Versteesdemech ze fërderen;

  2. déi sproochlech a kulturell Diversitéit, déi een erhalen a fleege muss, fërderen;

  3. liewenslaangt Léiere vun de Sproochen fërderen, och ausserhalb vun der Schoul, egal ob wéinst Studien oder aus berufflechen Grënn, aus Mobilitéitsgrënn oder aus Freed a fir den Austausch.

De 26. September 2011 gouf den 10. Europäeschen Dag vun de Sproochen (EDL) vum Europarot a senge 46 Memberstaate gefeiert.
 

U wien riicht sech den Europäeschen Dag vun de Sproochen ?

Den Europarot hofft, dass sech dësen Dag bei den Autoritéite vun de Memberlänner mat de méigleche Partner op folgenden Niveauen ofspillt:

  • an der Politik (z.B. mat speziellen Aktivitéiten oder Gespréicher zu sproochpoliteschen Themen)
  • an der Ëffentlechkeet (e Bewosstsi fir déi allgemeng Themen op dësem Dag kreéieren, ënner anerem fir d'Bedeitung vum liewenslaange Léiere vu Sprooche an all Alter a Bildungsariichtungen, op der Aarbechtsplaz etc.)
  • - am éierenamtleche Beräich (speziell Aktioune vun an/oder fir netstaatlech Organisatiounen, Verbänn, Entreprisen etc.)