Firwat gëtt en Europäeschen Dag vun de Sprooche gefeiert?

Nach ni goufen et sou vill Méiglechkeeten, an engem aneren europäesche Land ze schaffen oder ze studéieren, allerdéngs hält de Mangel u Sproochkenntnesser vill Leit dovunner of, dës Chance ze notzen.

Wéinst der Globaliséierung an de betribleche Besëtzverhältnesser, sinn d'Kenntnesser vu Friemsproochen hautdesdaags fir eng effektiv Aarbecht am eegene Land ëmmer méi wichteg. Englesch eleng geet net méi duer.

An Europa ginn et immens vill Sproochen - iwwer 200 europäesch Sproochen, dobäi kommen nach déi Sproochen, déi vun de Bierger geschwat ginn, deenen hir Famillje vun anere Kontinenter stamen. Dëse Sproocheräichtum ass eng wichteg Ressource, déi mir mussen unerkennen, notzen a fleegen.

D'Léiere vu Sproochen ass e Gewënn fir Jonk an Al - et ass een ni ze al, fir eng nei Sprooch ze léieren an déi domat verbonne Méiglechkeeten ze notzen. Schonn e puer wéineg Wierder an der Sprooch vun engem Land, wat een (z. B. an der Vakanz) besicht, hëllefen nei Frënn ze fannen a Kontakter ze schléissen.

Andeems mer d'Sprooche vun anere Mënsche léieren, kënne mer een deen anere besser verstoen a kulturell Grenzen iwwerwannen.

Ziler

Sproochkompetenze sinn noutwenneg a JIDDEREEN huet d'Recht drop, Sproochen ze léieren - dëst ass den zentrale Message vum Europäeschen Dag vun de Sproochen.

En allgemengt Zil ass et, e Bewosstsinn ze schafe fir

  • d'sproochlech Diversitéit an Europa;
  • d'Noutwennegkeet, dass méi eng héich Unzuel u verschiddenen (och wann net wäit verbreet) Sprooche geléiert gëtt;
  • d'Noutwennegkeet, Kompetenzen an zwou oder a méi Sproochen ze kreéieren an esou als Bierger am demokrateschen Europa voll handlungsfäeg ze sinn.
…... huet de Ministercomité decidéiert, dass all Joer um 26. September en Europäeschen Dag vun de Sprooche gefeiert soll ginn. De Comité schléit vir, dass dësen Dag dezentral a flexibel jee no de Wënsch an de Ressourcë vun de Memberstaaten organiséiert soll ginn, sou dass si besser hir eegen Approche definéiere kënnen, an dass den Europarot all Joer ee gemeinsamt Thema virschloe soll. De Ministercomité luet d'Europäesch Unioun an, sech dëser Initiativ vum Europarot unzeschléissen. Et kann een also hoffen, dass dësen Dag an Zesummenaarbecht mat alle wichtege Partner gefeiert gëtt.
Beschloss vum Ministercomité vum Europarot, Stroossbuerg (776. Sëtzung, 6. Dezember 2001)