Wéi kann ee matmaachen?

Jee no Zäit a Moyene kënnt Dir den Europäeschen Dag vun de Sproochen op vill verschidden Aart a Weise feieren.

D'Palett vun den Aktivitéite geet vun einfachen Aktivitéite wéi der Organisatioun vun engem Filmowend, wou Filmer a verschiddene Sprooche gewise ginn oder engem Sproochecafé, an deem Spezialitéiten aus verschiddene Länner zerwéiert ginn, bis hin zu Aktivitéiten, déi méi Ressourcë verlaangen, wéi grouss Medien-Eventer. Iddie kënnt Der duerch den Evenement-Kalenner kréien, wou all Aktivitéiten opgefouert ginn, déi säit 2002 op der EDL-Websäit verëffentlecht goufen. Eng allgemeng Iddi fannt Dir och op der Säit mam entspriechenden Titel "Loosst Iech inspiréieren".

Ob grouss oder kleng, de Prinzip ass einfach:

  1. eng gutt Iddi hunn (Party, Tournoi, Owendiessen etc.)
  2. organiséieren a Reklamm dofir maachen
  3. d'Evenement an ons Datebank androen
  4. a lass geet et!

Organisatioun vum Europäeschen Dag vun de Sproochen
Den Europarot gëtt keng Direktiven (a gëtt och keng finanziell Ënnerstëtzung) fir d'Organisatioun vun den Aktivitéiten. Fir eng gewësse Flexibilitéit bei der Duerchféierung vun dësem Dag ze garantéieren, gëtt de Memberstaaten an hire potenzielle Partner fräi Hand gelooss, esou dass si hir Aktivitéiten no eegene Virstellungen organiséiere kënnen.

National Koordinatoren
An deene meeschte Länner iwwerhëlt een déi fräiwëlleg Tâche vum Koordinator tëschent den Organisateure vun den Evenementer an dem Europarot. Bei dëser Aktivitéit geet et och dorëms, Informatiouns- a Reklammematerial vum Europarot op nationalem, regionalem a lokalem Niveau ze verdeelen.   

Roll vum Europarot
Den Europarot huet dësen Dag an d'Liewe geruff a verschéckt all Joer Posteren, Stickeren an aner Publizitéitsmaterialien, déi op d'Vilfalt vun de Sproochen an Europa hiweisen. Dës Materialie ginn zentral un all d'Koordinatore geschéckt, déi da fir d'Verdeelung op nationalem Niveau suerge sollen an domat virun allem d'Organisateure vun EDL-Evenementer ënnerstëtzen.