Maacht Reklamm fir Äert Evenement

Dir hutt also Äert Evenement geplangt. Super. Just weess keen eppes dovun. Zum Gléck ginn et vill Méiglechkeeten, wéi Dir Reklamm fir Äert Evenement maache kënnt. Dir kënnt direkt domat ufänken:

  1. Evenement an onsen Evenements-Kalenner androen.
  2. Erausfannen, wat fir Materialien et ginn, déi Dir iwwer Ären nationale Koordinator eroflueden a bestelle kënnt.
  3. Reklammtexter a Flyere maachen a verdeelen.
  4. Triet onser Facebooksäit bäi an informéiert eis do iwwer Äert Evenement.
  5. Informéiert Är lokal Zeitung iwwert d'Veranstaltung an iwwert den Europäeschen Dag vun de Sproochen (a vergiesst net, d'Adress vun der EDL-Websäit ze erwähnen: www.coe.int/edl).
  6. Schwätzt och mat Ärem nationale Koordinator iwwer Äert Evenement; e kennt vläicht nach aner Méiglechkeeten, wéi Dir fir Är Initiativ Reklamm maache kënnt.