D'Roll vum nationale Koordinator
Fir d'Koordinatioun vun den Aktivitéiten, déi op nationalem Niveau organiséiert ginn, ze garantéieren, biet den Europarot déi bedeelegt Länner dorëm, national Koordinatoren ze benenne fir den EDL. D'Aufgab vun engem Koordinator besteet doranner, als Multiplikator fir Organisatiounen, Schoulen a Verbänn ze fungéieren an:
- Informatioune vum Europarot weiderzeginn (z. B. Pressecommuniquéen zum EDL, fir deenen hir Iwwersetzung an d'Landes- bzw. Regionalsprooch, d'Koordinatore responsabel sinn; d'Aktualiséierung op der Website),
- Reklammematerial ze verdeelen (Posteren, Stickeren etc.), dat den Europarot all Joer a grousser Zuel fir d'Organisateure vun Evenementer bereetstellt.
D'Koordinatore solle méiglechst op nationalem/regionalem Niveau an an der Press fir den EDL Reklamm maachen a ganz besonnesch d'Adress vun der EDL-Website bekannt maachen a si sollen dem EDL matdeelen, wéi den EDL an hirem Land gefeiert gëtt.
E puer Koordinatoren hunn am Hibléck op geplangten Evenementer an hirem eegene Land eng eegen national EDL-Website ageriicht.
D'EDL-Koordinatore schaffe fräiwëlleg an den Europarot ass dankbar fir hire wichtege Bäitrag.
Länner, déi zur Zäit nach keng national Koordinatoren hunn
Wéi een op der Kaart ka gesinn, hunn e puer Memberstaate bis elo nach keen nationale Koordinator. Als Koordinator kommen Eenzelpersounen oder awer och bestehend Institutiounen a Fro, déi idealerweis scho mam Europarot a Kontakt sinn, dëst ass allerdéngs keng Bedéngung.
All Institutiounen (Zentren, Verbänn, Verwaltungseenheeten etc.), déi bereet sinn, als Koordinator tëschent hirem Land an dem Europarot ze fungéieren, wennen sech w. e. g. un hir national Autoritéiten oder den Europarot.