Wie ka matmaachen?

JIDDEREE kann sech op déi eng oder aner Aart a Weis um Europäeschen Dag vun de Sprooche bedeelegen!

Leit vun all Alter kënne matmaachen, egal ob eenzel oder an der Grupp, als Deel vun enger Organisatioun (Schoul oder Verband) oder einfach am Frëndeskrees. Dir kënnt zum Succès vum EDL bäidroen, andeems Dir un den offiziellen Evenementer deelhuelt oder Iech mat aneren zesummenditt a selwer Aktivitéite plangt (denkt w. e. g. dorun, déi entspriechend Aktivitéiten an den EDL-Kalenner anzedroen). Mir hu fir Iech e puer Méiglechkeeten zesummegestallt:

  • Schüler/Studenten :Schüler a Studente kënne vun eise spillereschen Online-Offere profitéieren, fir méi iwwer d'Sproochevillfalt ze léieren. Spiller a Quizer vermëttelen en Androck vun de verschiddene Sproochen an Europa. Wie Musek gären huet, kann och e Concert organiséieren, fir d'Fërderung vun de verschiddenen europäesche Sproochen a Museksgattungen. D'Zesummenaarbecht mat aneren ass iwwert eis Websäit méiglech.
     
  • Léierpersonal :D'Léierpersonal fir Sproochen, awer och fir aner Fächer, huet op dësem Dag vill verschidde Méiglechkeeten : d'Kenneléiere vun anere Kulturen, Traditiounen a Sproochen, déi normalerweis net um Programm stinn; d'Fërderung vun der Kreativitéit vun de Schüler am Kader vu Sketcher, an deene se weise kënnen, wéi vill Sproochen se schwätze kënnen; Ariichte vun engem Sproochecafé; all Sproochen duerstellen, déi an der Schoul geschwat ginn etc.
     
  • Universitéiten /Schoulen : Den Europäeschen Dag vun de Sproochen ass eng gutt Méiglechkeet, d'Universitéit/d'Schoul an d'Stad an där se läit, als Plaz ze gesinn, wou Mënsche mat ënnerschiddleche Virgeschichten zesummekommen, liewen, interagéieren a wou Sprooche geschwat ginn. Eventuell wëllt Dir Diskussiounsgruppe fir Leit mat verschiddene sproochlechen Hannergrënn organiséieren. Sozial Netzwierker am Internet bidde gutt Méiglechkeete fir sou eng Interaktioun; och op Facebook kann ee Fan vum Europäeschen Dag vun de Sprooche ginn. Universitéiten a Schoulen an engem Grenzgebitt zu anere Länner kéinte Visitte bei Schüler a Studenten am anere Land organiséieren. Schoule kéinten och Concourse maachen, bei deenen et ëm d'Léieren an d'Verbessere vun de Sproochkenntnesser geet.

All Biergerinne a Bierger kënnen sech an iergendenger Form um Europäeschen Dag vun de Sprooche bedeelegen, sief et doduerch, dass se hir Noperen aus engem anere Kulturkrees alueden, fir Téi ze drénken oder hir Haiser mat Posteren a Stickeren fir de Sproochendag dekoréieren. Dir gitt zwar an engem Dag net zweesproocheg, mee Dir wäert Ären Horizont erweideren a sécherlech e puer agreabel a gutt Erfahrunge sammelen.