Fakten zu de Sproochen

Wousst Dir schonn?

01 Et ginn tëschent 6000 a 7000 Sproochen op dëser Welt, déi vu sechs Milliarde Mënschen an 189 onofhängege Staate geschwat ginn.

02Et ginn ongeféier 225 indigen Sproochen an Europa - ronn 3% vun alle Sprooche weltwäit.

03 Déi meescht Sprooche ginn an Asien an Afrika geschwat.
 

04 Mindestens d'Halschent vun der Weltbevëlkerung ass zweesproocheg oder méisproocheg, d. h. dës Mënsche schwätzen zwou oder méi Sproochen.

05 D'Europäer sinn an hirem Alldag ëmmer méi mat Friemsprooche konfrontéiert. Dofir muss hiert Interessi un de Sprooche gefërdert ginn.

06 Vill Sproochen hu 50.000 Wierder oder méi, awer den Eenzele kennt a benotzt just ee Brochdeel vum ganze Wuertschaz: an Alldagsgespréicher ginn ëmmer nëmmen e puer honnert Wierder benotzt.

07Sprooche sinn ëmmer mateneen a Kontakt a wierken op divers Aart a Weis openeen an: Am Englesche goufe fréier Wierder a Wendungen aus villen anere Sproochen iwwerholl; hautdesdaags iwwerhuelen europäesch Sprooche vill Wierder aus dem Engleschen.

08Am éischte Liewensjoer äussere Kanner ganz vill vokalesch Lauter. Am Alter vun engem Joer ongeféier schwätzen se hir éischt verständlech Wierder. Am Alter vun dräi Joer maachen se scho komplex Sätz a mat fënnef Joer kann e Kand schonn e puer dausend Wierder.

09 D'Mammesprooch ass gewéinlech déi Sprooch, déi een am beschte kann an am meeschte benotzt. Et ginn awer och Mënschen, déi zwou Sproochen d'nämmlecht gutt schwätzen. Déi meescht zweesproocheg Mënsche schwätzen allerdéngs eng Sprooch besser wéi déi aner.

10Zweesproochegkeet huet vill Virdeeler : si erliichtert d'Léiere vun anere Sproochen, verbessert d'Denkverméigen a fërdert de Kontakt mat anere Mënschen an hire Kulturen.

11Zwee- a Méisproochegkeet verschaaft och wirtschaftlech Virdeeler: Wie méi Sprooche schwätzt, fënnt méi einfach Aarbecht, a méisproocheg Firmen hunn e Virdeel vis-à-vis vun der eesproocheger Konkurrenz.

12Sprooche sinn ënnertenee verbonne wéi d'Membere vun enger Famill. Déi meescht europäesch Sprooche gehéieren zur grousser indoeuropäescher Sproochfamill.

13 Déi meescht europäesch Sprooche loossen sech dräi grousse Gruppen zouuerdnen: de germaneschen, romaneschen a slawesche Sproochen.

14 Zu de germanesche Sprooche gehéieren e. a. Dänesch, Norwegesch, Schwedesch, Islännesch, Däitsch, Nidderlännesch, Englesch a Jiddisch.

15 Romanesch Sprooche sinn e. a. Italienesch, Franséisch, Spuenesch, Portugisesch a Rumänesch.

16 Zu de slawesche Sprooche gehéiere Russesch, Ukrainesch, Wäissrussesch, Polnesch, Tschechesch, Slowakesch, Slowenesch, Serbesch, Kroatesch, Mazedonesch, Bulgaresch an anerer.

17 Déi meescht europäesch Sprooche verwenden dat laténgescht Alphabet. An e puer slawesche Sprooche gëtt d'kyrillescht Alphabet benotzt. Griichesch, Armenesch, Georgesch a Jiddisch hu jeeweils en eegent Alphabet.

18 An de meeschte Länner vun Europa ginn et eng Rei vu Regional- a Minoritéitesproochen, vun deenen der e puer och offiziell Sprooche sinn.

19 Déi um europäesche Gebitt am heefegste verbreeten net-europäesch Sprooche sinn Arabesch, Chinesesch an Hindi; si hunn hir eege Schrëft.

20A Russland (mat sengen 148 Milliounen Awunner) gëtt déi bei wäitem héchsten Unzuel u Sprooche geschwat: tëschent 120 an 200, jee nodeem, wéi eng Kriterien ugewannt ginn.

21 Duerch den Zoustroum vu Migranten a Flüchtlingen ass Europa hautdesdaags gréisstendeels méisproocheg . Eleng zu London ginn ongeféier 300 Sprooche geschwat (Arabesch, Tierkesch, Kurdesch, Berberesch, Hindi, Panjabi etc.)

Nodeems Dir elo esou vill geléiert hutt, kënnt Dir d'Sproochequiz ausprobéieren.