Stëmmt mat of iwwert déi innovatiivst Aktivitéit an dësem Joer!
Fir dass dësen Dag nach méi spannend gëtt, hutt Dir d'Méiglechkeet, beim Besuch op der Website Är Stëmm ofzeginn, fir déi Ärer Meenung no innovatiivsten EDL-Aktivitéit. Dëst kann sech op Kreativitéit oder op Iwwerdrobarkeet bezéien oder einfach dorop, dass d'Initiativ de Sënn vum Dag am beschten zum Ausdrock bréngt. Et ka véier Woche laang ofgestëmmt ginn, tëschent dem 20. September an dem 20. Oktober; de Gewënner gëtt am Dezember verkënnegt. Den Organisateur vun der Aktivitéit mat de meeschte Stëmme kritt e klenge Präis.