Heefeg gestallte Froen iwwert d’Gebäerdesprooch

01

D'Wuert "deaf" (englesch fir daf) gëtt muenchmol mat engem groussen a muenchmol mat engem klengen Ufanksbuschtaf geschriwwen. Gëtt et heifir e besonnesche Grond?
D'Studien an dësem Beräich verweisen op d'Verwennung vun engem groussen "D" am Wuert "Deaf" op d'Zougehéieregkeet zu der Grupp vun dafe Leit an d'Notzung vun enger indigener Gebäerdesprooch als éischt oder preferenziell Sprooch. D'Wuert "deaf" mat klengem "d" bezeechent Mënschen, bei deenen en Héierverloscht medezinesch bewisen ass, mä déi sech méiglecherweis net zur Gemeinschaft vun dafe Leit zielen an déi och keng indigen Gebäerdesprooch benotzen. (siehe “ "Signed Languages in Education in Europe - a preliminary exploration"”, Lorraine LEESON, Dublin. Europarot 2006)

02

Sinn all d'Leit, déi Gebäerdesprooch benotzen daf oder schwéierhéireg?
Nee. Kanner vun dafe Leit kënnen oft och d'Zeechesprooch; si léieren als éischt Sprooch d'Gebäerde-Mammesprooch vun hiren Elteren, ier se schwätze léieren. Ausserdeem léieren och d'Elteren an d'Geschwëster vun dafe Kanner d'Gebäerdesprooch, fir d'Kommunikatioun z‘erliichteren. Et ginn och Mënschen, déi an hirer Fräizäit d'Zeechesprooch léieren, entweder fir hir Frënn oder well se Dolmetscher wëlle ginn oder einfach aus Interessi un der Sprooch.

03

Gëtt et weltwäit just eng Gebäerdesprooch?
No, there isn’t. Neen, et gi vill Varianten. Et kann tatsächlech an engem Land méi wéi eng Gebäerdesprooch existéieren, sou wéi et och fir geschwate Sproochen de Fall ass. An der Belsch zum Beispill ginn et zwou verschidde Gebäerdesproochen (eng franséisch-belsch Gebäerdesprooch an eng flammännesch Gebäerdesprooch) sou wéi och a Spuenien (déi spuenesch Gebäerdesprooch an déi katalanesch). Och a Länner wou déi nämmlecht Sprooch geschwat gëtt, wéi zum Beispill a Groussbritannien an Irland. Dëst hänkt mat der historescher Entwécklung zesummen, déi sech vun der Entwécklung vun der geschwater Sprooch ënnerscheet.

04

Ginn et bei de Gebäerdesproochen (wéi bei de geschwate Sproochen, z. B. romanesch a slawesch) Sproochfamilljen, déi e géigesäitegt Verstoen erméiglechen?
Jo, et gi Sproochfamillje bei de Gebäerdesproochen. Zum Beispill gëtt déi éisträichesch an nidderlännesch Gebäerdesprooch besser vun deene Leit verstanen, déi déi däitsch Gebäerdesprooch kënnen, wéi vun engem, deen déi italienesch Gebäerdesprooch kann. Déi britesch Gebäerdesprooch ënnerscheet sech däitlech vun aneren europäesche Gebäerdesproochen an ass just mat der australescher Gebäerdesprooch Famill.

05

Gëtt et eng international Form vun der Gebäerdesprooch, déi als lingua franca gëlle kéint?
Et gëtt een internationaalt Kommunikatiounsinstrument, déi sougenannten International Gebäerden (International Sign, IS). Si gëtt regelméisseg bei internationale Konferenzen a bei Diskussioune mat Participanten, déi net déi nämmlecht Gebäerdesprooche benotzen, agesat. Dës Hëllefssprooch gëtt tatsächlech vu Leit aus ënnerschiddleche Länner als lingua franca benotzt, och an engem spontane Gespréich. Si ass allerdéngs net vergläichbar mat Esperanto, well et sech bei IS net ëm eng Sprooch am eigentleche Sënn handelt. Si huet keng festgeschriwwe Grammatik a kee feste Vokabulär a baséiert virun allem op Gesten, déi nëmmen am respektive Kontext eng speziell Bedeitung hunn, a gräift op d'Mammesprooch vun deem zeréck, deen d'Gebäerdesprooch benotzt. Dat heescht, dass d'Gebäerden erkläert ginn an heefeg méi wéi eng Gebäerde benotzt gëtt, fir e Begrëff z‘erklären an op dës Manéier d'Verständnes sécherzestellen.

06

Stellen d'Gebäerdesproochen nëmme geschwate/geschriwwe Wierder duer?
Neen. Si si Sprooche mat enger eegener Grammatik a Syntax. Wéi bei anere Sproochen och, ginn et Tournuren, déi sech schwéier iwwersetze loossen, a fir e puer Wierder/Gebäerde gëtt et keng wuertwiertlech Iwwersetzung an enger anerer (Gebäerde) Sprooch.

07

Huet all Sprooch hir standardiséiert Form vu Gebäerden, an existéiere verschidden Dialekter wéi bei de geschwate Sproochvarianten?
Et goufe Versich, d'Gebäerdesproochen an Europa ze standardiséieren. Wéi och bei der geschwater Sprooch, bloufen dës Versich ouni Erfolleg, sou dass et nach ëmmer Dialekter ginn. Dat hänkt och mat de Schoule fir daf Kanner an de verschiddene Landesdeeler zesummen, an deene ganz bestëmmte Gebäerde benotzt ginn, déi d'Kanner duerno verbreeden. Heefeg ënnerscheeden sech d'Gebäerde fir Wochendeeg, Méint an och déi fir Faarwen.

08

Wéi vill Mënschen an de Memberstaate vum Europarot benotzen d'Gebäerdesproochen?
Dës Fro ass schwéier ze beäntweren. An den eenzele Memberstaate ginn et keng Statistiken, op déi ee sech verloosse kann. Enger Schätzung fir d'Europäesch Unioun no, ginn et 750.000 daf Leit, déi d'Gebäerdesprooch benotzen. Am Duerchschnëtt sinn ongeféier 0,1% vun der Gesamtbevëlkerung vun engem Land, daf Benotzer vun der Gebäerdesprooch. Hei ginn déi Leit, déi d'Gebäerdesprooch als zweet Sprooch léieren, souwéi Kanner vun dafen Elteren an aner Familljememberen, net dobäigerechent. Sou ginn et zum Beispill a Finnland schätzungsweis 5000, a Frankräich 100.000 an a Rumänien tëschent 20.000 an 30.000 Leit, déi d’Gebäerdesprooch benotzen.

09

Bezitt sech de Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen: léieren, enseignéieren an evaluéieren (CECR) vum Europarot, deen et a méi wéi 35 Sprooche gëtt, och op d'Gebäerdesprooch?
De franséischen Educatiounsministère huet verschidden Deeler vum CECR (franséisch Versioun) fir déi franséisch Gebäerdesprooch opbereet, besonnesch an Hisiicht op d'Referenzniveauen an d'Deskriptoren.

10

Gëtt et eng Méiglechkeet, d'Gebäerdesproochen ze transkribéieren?
Jo, d'Gebäerdesprooche kënnen op verschidden Aart a Weisen transkribéiert ginn. Eng Standardtranskriptioun fir Gebäerdesprooche gëtt et net, mee oft gëtt den Hamburger Notatiounssystem (HamNoSys) benotzt, dee gewësse Symboler benotzt, fir Handform a Bewegung vun enger Gebäerde duerzestellen. En anere System, deen ähnlech funktionéiert ass SignWriting. Ausserdeem gëtt oft mat Erklärunge geschafft, andeems d'Gebäerden a groussgeschriwwe Wierder iwwersat ginn a Gesiichtspiktogrammer a grammatikalesch Informatiounen iwwert oder virun engem Wuert ergänzt ginn. Weider Informatioune ginn et am Internet ënnert: http://www.signwriting.org/, http://assets.cambridge.org/97805216/37183/sample/9780521637183web.pdf (Kapitel Conventions) an http://www.sign-lang.uni-hamburg.de/projects/hamnosys.html.

11

Wou kann ech weider Informatiounen iwwert d'Gebäerdesprooche fannen a wéi kann ech eng léieren?
Am beschte wennt Dir Iech un de Verband vun dafe Leit an Ärem Land fir erauszefannen, wou et Course fir Gebäerdesprooch ginn a fir méi iwwert d'Gebäerdesprooch an Ärem Land erauszefannen. Informatiounen zu all dëse Veräiner an der EU ginn et am Internet op der Website vun der European Union of the Deaf, EUD: http://eud.eu/EUD_Members-i-159.html (Kaart). Weider Informatioune fannt Dir och op der Website vum internationale Gehéierloseverband ënnert: http://www.wfdeaf.org/members/ordinary-members/list-of-members.


Mir soen dem Mark Wheatley an dem Annika Pabsch vun der European Union of the Deaf EUD www.eud.eu)  villmools Merci fir hire wäertvolle Bäitrag zu dësem Kapitel.